Zolidd ErspuernesserGas-Verbrauch am Oktober ronn 33,5 Prozent ënner Referenzperiod

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass och am Oktober erëm zolidd Gas gespuert ginn.
© afp

Konkret gouf ronn een Drëttel manner Gas consomméiert, wéi an der Referenzperiod vun de leschte 5 Joer. Domat läit Lëtzebuerg erëm e gutt Stéck iwwert dem europawäiten Zil, fir op d‘mannst 15 Prozent manner Gas ze verbrauchen.

Iwwert dee Wee soll méiglechst vill Gas kënne stockéiert ginn, fir z‘assuréieren, dass de ganze Wanter iwwer genuch Reserven do sinn.

PDF: État des lieux des efforts de réduction de la consommation de gaz naturel au Luxembourg en octobre (06.11.2023)

Back to Top
CIM LOGO