“Mir verflochen deem säi Liewen, deen eis esou laang verbannt. Dee soll och een Dag hei stierwen, an deem kale Russland.”
Ronn 1.000 Lëtzebuerger Jongen waren tëscht 1943 an 1945 a russescher Krichsgefaangenschaft zu Tambow, eng 450 Kilometer südëstlech vu Moskau. De President vun der Amicale des Anciens de Tambow, Paul Scholer:
“De 25. August 1943 sinn déi éischt fënnef Lëtzebuerger Jongen zu Tambow ukomm. Bis Enn 1943 waren et eng 97 am Lager, Enn 1944 563 a bis Mee 1945 eng 780. An duerno koumen déi lescht Lëtzebuerger Jongen, eng 230 aus anere sowjetesche Lageren, dobäi fir den Heemtransport op Lëtzebuerg.”
De 5. November si se dunn am Grand-Duché ukomm an et huet geheescht: “D’Jongen sinn zréck, wat eng Freed”. Den Aarbechtsminister Georges Mischo:
“Hei, op dëser Gare an der Stad, wou mer elo stinn, si si de 5. November ukomm, mat Hoffnung, mat Erliichterung an awer och mat Wonnen, déi ni méi esou richteg heele konnten. D’Zäit zu Tambow war keng einfach Zäit. Si war gepräägt vun Honger, Leed an enger batterer Keelt, besonnesch am Wanter, wou den Thermometer ganz dacks wäit ënner Null gefall ass.”
Vun engem däischtere Kapitel fir eist d’Land huet de Paul Scholer geschwat. D’Jonge géifen net vergiess an an Éier gehale ginn. Als Ofschloss vun der Zeremonie huet de Luc Nilles e Mëttwoch Moien ënnert anerem d’Gedicht “Meng Hêmecht” vum Constant Woltz virgedroen, deen zu Tambow gestuerwen ass:
Kommt Dir aus Frankräich, Belgien, Preisen, mir wäerten Iech ons Heemecht weisen. Frot Dir no alle Säiten hin, mir wollte jo ni Preise ginn.
Frot Dir no alle Säiten hin, mir wëlle bleiwe wat mir sinn, ee klengt a fräit Lëtzebuerg.
Am Kader vum 80. Anniversaire ass iwwerdeems och eng Ausstellung an der Stater Gare, déi een nach bis Enn dës Mount ka gesinn.