
D'Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) huet e Samschdeg en neie Réckruff bekannt ginn. Deemno gëtt de "PANNA COTTA FRAISE MATCHA" zeréckgeruff, wéinst méiglecher Presenz vu gliesene Friemkierper. Als Marque gëtt "SANS MARQUE" uginn.
Betraff sinn d'Produite mat 125g Inhalt, mat der Consommatiounslimitt vum 20. Juni 2026, déi tëscht dem 26. Mee an dem 5. Juni 2026 verkaf goufen, dat uechter dat ganzt Land.
Wéi d'ALVA schreift, besteet en "Niveau de vigilance orange", d'Leit sollen deemno virsiichteg sinn.