Wittfra vum fréiere franséische President Jacques ChiracBernadette Chirac am Alter vun 93 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Fra vum fréiere franséische President Jacques Chirac ass am Krees vun hirer Famill gestuerwen.
Bernadette Chirac
Bernadette Chirac
© MICHEL EULER/AFP

D'Bernadette Chirac, d'Wittfra vum fréiere franséische President Jacques Chirac, ass e Freideg den Owend am Alter vu 93 Joer gestuerwen. Dat huet hir Duechter, d'Claude Chirac, e Samschdeg géintiwwer der Noriichtenagence AFP confirméiert.

D'Bernadette Chirac, gebuer als Bernadette Chodron de Courcel, wier am Krees vun hirer Famill gestuerwen, sou hir Duechter. Si war den 18. Mee 93 Joer al ginn.

Si war déi eenzeg Première Dame, déi selwer als Politikerin e Mandat hat. Si war vu 1979 bis 2015 ouni Ënnerbriechung Member vum Conseil général am Departement Corrèze.

Back to Top
CIM LOGO