
Bei engem Accident bei der Biergcourse e Sonndeg zu Eschduerf ass eng Fra vun 48 Joer ëm d'Liewe komm. Um Samschdeg organiséiert d'Famill fir déi Verstuerwen eng Gedenkzeremonie um 16 Auer an der Kéier, wou den Accident geschitt ass. D'Strooss géif deen Ament och gespaart ginn.
Wéi mir vum Parquet confirméiert kruten, ass eng Instruktioun amgaange wéinst "onfräiwëllegem Doutschlag“. Am Kader vun dëser Enquête soll gekläert ginn, ob a wéi wäit eenzel Persoune sech eppes zu Schold komme gelooss hunn oder net.
De betraffenen Auto wier op Uerder vum Parquet saiséiert ginn. All weider Detailer falen aktuell nach ënnert d’Untersuchungsgeheimnis.
Op d’Fro, ob et Videoopname vum Accident gëtt, krute mir keng Äntwert.