ZeienopruffGedenktafel zu Ierpeldeng-Bous geklaut

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 1. an dem 27. September gouf um Kierfecht an der Rue de Mondorf zu Ierpeldeng-Bous eng Gedenktafel geklaut.
© Police

Dës erënnert un d’Enn vum 2. Weltkrich a gedenkt zwee sowjetesche Krichsgefaangenen, déi vun den Nationalsozialisten erschoss an op der Plaz op där d’Tafel steet, vergruewe goufen. D’Tafel gouf am Mee 2015 vun der russescher Communautéit zu Lëtzebuerg opgeriicht.

Wien Informatiounen iwwert den Déifstall huet ass gebieden, sech beim Policekommissariat Réimech/Munneref ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 77 1000 oder der Mailadress “police.remichmondorf@police.etat.lu”.

Back to Top
CIM LOGO