Op eise StroossenGeeschterfuerer an der Stad, Drifter zu Conter a Vitessjunkie zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst dräi Mol hunn d'Beamte vun der Police an der Nuecht op e Mëttwoch missten agräifen, well Leit sech net un de Code de la Route gehalen hunn.

Ugefaangen zu Déifferdeng, wéi enger Patrull géint 3.15 Auer en Automobilist opgefall ass, deen däitlech ze séier ënnerwee war. Wéi d’Beamte probéiert hunn, hien ze stoppen, huet dësen dat ignoréiert an huet nach méi op de Gas gedréckt a säi geféierlechen Ausfluch weidergefouert. Kuerz drop konnten d’Beamten de Won awer op der Héicht vun der Rue de Hussigny stoppen. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Dowéinst gouf de Mann protokolléiert. De Permis gouf wéinst der iwwerdriwwener Vitess agezunn.

Ronn eng Stonn méi spéit hat e Chauffer e Rond-point zu Conter mat enger Rennpist verwiesselt. Dëse war de Beamten nämlech hei entgéintkomm, datt awer am driften. Wéi de Chauffer kontrolléiert gouf, ass de Polizisten e Cannabisgeroch opgefall. De Mann huet zouginn, konsuméiert ze hunn, wat vum Schnelltest confirméiert gouf. Weider goufe beim Mann och Utensilien, fir de Konsum vu Cannabis fonnt. Well d’Steiervignette vum Gefier ofgelaf war an d’Pneuen net méi genuch Profil haten, huet de Won missten immobiliséiert ginn. De Chauffer gouf protokolléiert.

Géint 6 Auer dann war en alkoholiséierte Automobilist am Garer Quartier an der Stad op der falscher Bunn ënnerwee. D’Police huet de Geeschterfuerer gestoppt an de Permis provisoresch agezunn.

Back to Top
CIM LOGO