
Mat Hëllef vun der CITA-Kameraiwwerwaachung konnt den Auto séier lokaliséiert ginn. Dem Automobilist ass säi Feeler opgefall an huet bei der Sortie Colmer-Bierg d'Kéier gemaach.
Kuerz dorobber gouf de Chauffer vun der Police gestoppt. Wéi sech erausgestallt hat, ass hien den Ament nach an der Stagezäit an ass en Auto mat Handschaltung gefuer, obwuel hie just e Permis fir Automatik huet.
Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier saiséiert.