PoliceGefuer ouni Permis, mat verbuedene Waffen a Marihuana

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu si en Dënschdeg den Owend géint 20.30 Auer e Chauffer gepëtzt, wou sou Munches lusch war.
© RTL Archivbild

Bei der Kontroll an der Rue Münster an der Stad hunn d'Beamte festgestallt, dass de Mann kee valabele Permis bei sech hat. Dogéint gouf awer eng kleng Titche Marihuana, en Taser an e Messer fonnt.

Op Uerder um Parquet gouf den Auto an déi verbuede Waffe sécher gestallt.

Back to Top
CIM LOGO