
D’Gehälter-Verhandlunge beim Staat sollen an Zukunft net just reng tëscht Regierung an der CGFP debattéiert ginn, mä a globalen Negociatioune mat méi Acteuren.
Et wieren nämlech net just Fonctionnairen a Staatsemployéen dovu concernéiert, mä och e puer Dausende vun anere Leit aus dem ëffentleche Secteur, beispillsweis CFL-Agenten, Leit déi op de Gemenge schaffen oder bei konventionéierten ëffentlechen Etablissementer.
An genee déi Leit géif den OGBL majoritär vertrieden, dofir fuerdert een, dass een an zukünfteg Verhandlunge mat abezu gëtt.
Dat schreift den Departement fir den ëffentlechen Déngscht vum onofhängege Gewerkschaftsbond an hirem Fuerderungs-Katalog un de Formateur an den abléckleche Koalitiounsverhandlungen.
Dernieft hätt ee gär demokratesch Wale fir d’Personal-Vertriedungen am ëffentleche Secteur, wat aktuell net de Fall wier.