Fairtrade LëtzebuergGéint Kanneraarbecht, fir fair Präisser

Christophe Hochard
Schockelas-Kleesercher, Handyen a Kleeder: ganz dacks sinn dës e Produit vu Kanneraarbecht, ënnert zum Deel och nach a ganz geféierleche Konditiounen.
VIDEO: Faire Schockela fir de Kleeschen / Rep. Christophe Hochard (3.12.19)
Fairtrade Lëtzebuerg huet virun de Dessert-räiche Feierdeeg op d'Ausbeutung vu Kanneraarbecht op de Kakaosplantagen opmierksam gemaach.

A genee esou dacks gëtt dat verdrängt. Fairtrade Lëtzebuerg zesumme mat der Kooperatiounsministesch maachen elo op d'Problematik opmierksam. Viséiert sinn hei virun allem Kakaosplantagen a westafrikanesche Länner. Déi politesch Acteuren an eben och d'Konsumente wiere gefuerdert, sech géint dës Mëssstänn ze wieren.

Kanneraarbecht Fairtrade

Iwwer 2 Millioune Kanner schaffen aktuell nach ëmmer op Kakaosplantagen. Tëscht 2013 an 2014 waren et esouguer bal 2,3 Millioune Jonker am Alter tëscht 5 a 17 Joer.

Et misst ee géint d'Aarmut a Regioune wéi Ghana oder der Côte d'Ivoire virgoen an an de Familljen. Wichteg wier et, datt esouwuel d'Fraen an d'Kanner gehollef géife kréien.

Sech géint d'Kanneraarbecht staark maachen. Gefuerdert ass hei jiddereen: D'Schockelaskonzerner, d'Politik an d'Konsumenten. Gerechte Loun a fair Präisser fir d'Leit sinn den A an O.

Back to Top
CIM LOGO