Wéinst BedruchGeldstrof a Prisong op Sursis fir fréier Patrone vu Grosbusch S.A.

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee fréier Patrone vum Importateur an Distributeur Grosbusch S.A. goufen zu enger Geldstrof vun 150.000 Euro an 9 Méint Prisong op Sursis verurteelt.

Si krute Steierbedruch, Bilansfälschung, Blanchiment an Abus de biens sociaux a Milliounenhéicht reprochéiert.

Wéi de Paperjam a Reporter.lu mellen, wier et e “jugement sur accord”. Deemno si sech d’Affekoten an de Ministère public eens ginn, an de Riichter huet dat Ganzt validéiert. Esou kann ënnert anerem en ëffentleche Prozess evitéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO