Lëtzebuerg - SaarlandGemeinsame Pandemie-Plang bis Enn des Joers

RTL Lëtzebuerg
D’Santésministesch Paulette Lenert hat en Dënschdeg eng Entrevue mat der Gesondheetsministesch aus dem Saarland, dem Monika Bachmann.

Et goung drëm, fir zesummen déi aktuell Covid-Situatioun an der lëtzebuergesch-däitscher Grenzregioun ze beschwätzen.

Zanter dem 14te Juli gëllt de Grand-Duché an Däitschland jo als Risikogebitt. Ween deemno an d’Saarland areest, brauch en negative Coronatest, deen net méi al wéi 48 Stonnen ass, fir net a Quarantän ze mussen.

D’Ministesch Bachmann huet ënnerstrach, dass ee sech grad elo besonnesch fir déi däitsch-lëtzebuergesch Frëndschaft géif asetzen, an dofir e permanenten Dialog ganz wichteg wier, fir d’Situatioun permanent nei ze analyséieren.

Enn des Joers soll an deem Sënn och e gemeinsamen Pandemie-Plang virleien, dee Länner-iwwergräifend soll spillen.

Back to Top
CIM LOGO