D‘Gemeng Nidderaanwen mécht en Tosch mam Staat a gëtt neie Proprietär vum Café-Restaurant Waldhaff, matten am Gréngewald, direkt nieft der N11.
Zënter 5 Joer sinn hei d’Rolllueden erof, dat no engem fatzege Rechtssträit mam leschte Locataire. D’Gemenge-Responsabel hu sech an der Woch zesumme mat der Horesca e Bild gemaach a constatéiert, datt hei en décke Pak Geld muss an de Grapp geholl ginn.
Wou an der Zäit d’Fierschter, d’Jeeër a Véiziichter bei Zopp a Kuuscht souzen, entstoung beim leschte Locataire e gehuewene Refectoire mat zwar rustikalen Elementer, awer och Schampes, Party- a Plagen-Atmosphär - “Sehen und gesehen werden”.
Un de Maueren erënneren nach Ënnerschrëften a Spréch drun, wie sech et hei alles gutt goe gelooss huet.
Den Ëmweltministère huet um Enn d’Zopp versalzt, mat enger Plainte. Grouss Ëmbau-Aarbechte vum Locataire waren illegal, hält och d’zoustännegt Geriicht fest an d’Mass um Waldhaff war gelies.
Wat op där Plaz geschitt wier, wier an allen Hisiichten eng Schan, seet 5 Joer méi spéit den Horesca-Generalsekretär François Koepp, dee constatéiert, datt beim Gebai dat Bescht erof ass.
“D’Enveloppe wäert tëscht 3 a 5 Millioune leien, wann een dat hei op de leschten Niveau wëll bréngen.”
D’Kichen, de sanitäre Beräich, déi kleng Veranda. D’Schantercher sinn net kleng an et muss sech un nei Norme gehale ginn. Och d’Surface wier knapp, fir wirtschaftlech ze schaffen, dofir sollt d’Gemeng driwwer nodenken, fir ze vergréisseren, recommandéiert de François Koepp.
“Da muss ee vun dëse Raim méi grouss ginn, soss kann ee keng Manifestatiounen unzéien. A wann ee sou vill Geld investéiert, da soll een dee Schrëtt awer maachen”.
An do wieren och déi ëffentlech Instanze gefuerdert, fir dem Projet keng onnéideg Steng an de Wee ze leeën. D’Potential wier op alle Fall grouss, sou den Horesca-Vertrieder.
Trotz dem zolitte Käschtepunkt wëll och d’Gemeng dat Ganzt duerchzéien. Den LSAP-Schäffe Jean Schiltz:
“Mir falen net vum Stull, mä et ass en décke Batz Geld an et muss ee kucken, wou een nach ka spueren. Leit aus der Gemeng hu gesot, et wier flott, wann d’Gemeng dat géif huelen. Mir hu gekuckt mam Staat eens ze ginn. Et gëtt en Tosch mat engem Terrain zu Nidderaanwen, wou e Police-Kommissariat gebaut gëtt.”
D’Gemeng kritt beim Tosch nach bësse Suen eraus, well den néidege Bau vun enger klenger Kläranlag berécksiichtegt gëtt.
Eng Zäitfënster fir de Projet Waldhaff an Detailer vun de Renovatiounspläng gëtt et den Ament nach net. Et soll awer séier goen, fir datt och séier en neien Exploitant ka gesicht ginn.