No Optrëtt mat DéierenGemeng Keel entzitt "Cirque Crone" d'Autorisatioun

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Veterinärsinspektioun d'lescht Woch huet missen zu Réimech a Gréiwemaacher intervenéieren, huet d'Gemeng Keel den Zirkus ganz ofgesot.
Symbolbild
Symbolbild
© Romain Doucelin / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

No Réimech sollt et dës Woch eigentlech an d’Gemeng Keel goen. Hei huet den Zirkus awer elo trotz Verspriechen ouni Déieren opzetrieden, d’Autorisatioun entzu kritt. D’Gemeng géing eegenen Aussoen no “d’Verhale vum Zirkus an hir Aart a Weis, ze handelen” verurteelen a sech dovun distanzéieren.

Eréischt d’lescht Woch huet d’Veterinärsinspektioun wéinst dem “Cirque Crone” missen intervenéieren, well den Zirkus mat exoteschen Déiere wéi Kaméiler, Lamaen an Dromedaren zu Réimech opgetrueden ass. Direkt zwee Verstéiss goufen hei festgestallt: de franséischen Zirkus hat engersäits keng Autorisatioun vun der Gemeng fir mat Déieren opzetrieden, anerersäits ass et zu Lëtzebuerg verbuede mat exoteschen Déieren opzetrieden.

Opgefall war dëst nodeems Passanten d’Déieren zu Réimech um Parking vun der Schwämm leie gesinn hunn. Den Déiereschützer Daniel Frères huet doropshin d’Gemeng an d’Veterinärsinspektioun informéiert, déi decidéiert hunn, datt d’Déieren aus dem Land missen.

Back to Top
CIM LOGO