Parlamentaresch FroGemeng Wolz huet déi meeschte Scholden

RTL Lëtzebuerg
D'Ardenne-Stad huet Prêten an Héicht vu gutt 66 Milliounen Euro.

Dono kënnt d’Gemeng Iechternach, mat Kreditter fir knapp 54 Milliounen Euro. Op der Plaz 3 fanne mer Déifferdeng mat 51 Milliounen Euro Schold. Dës Zuele liwwert d’Inneministesch Taina Bofferding dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Ronn eng Dose Gemenge sinn iwwregens scholdefräi, dorënner d’Gemeng Lëtzebuerg. Eng Oplëschtung vun der Verscholdung pro Kapp gëtt et net.

D’Ministesch preziséiert nach, datt d’Gemenge strikt Reegele mussen anhalen, wa si Scholde maachen.

Dann ass am Tableau vum Ministère nach opgelëscht, fir wéi eng Montanten dëst Joer Terraine verkaaft goufen.

Do fanne mer ganz uewen d’Gemeng Biissen, mat Venten an Héicht vun iwwer 12 Milliounen. Op Nofro hi si mer gewuer ginn, datt et sech dobäi virun allem ëm Terrainen handelt, déi industriell genotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO