NordstadfusiounGemenge si frou iwwer d'Propose vun der Regierung, mä net ganz averstanen

RTL Lëtzebuerg
An deene fënnef Nordstadgemenge ginn an deenen nächste Wochen d'Gespréicher iwwert eng Fusioun virun.
© RTL-Archiv

Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wéi d’Gemengeréit d’Géigepropose fir déi finanziell Enveloppe gesinn, déi d’Regierung d’lescht Woch gemaach huet.

5.000 Euro op de Kapp haten déi fënnef Gemenge gefrot. Dat wieren eng 100 Milliounen Euro ginn. D’Regierung huet d’lescht Woch proposéiert knapp 60 Milliounen op den Dësch ze leeën.

Nordstadfusioun / Reportage vum Dany Rasqué

Déi liberal Pascale Hansen, déi Buergermeeschtesch an der Gemeng Bettenduerf ass an am Numm vun deene fënnef Gemenge schwätzt, seet et wier ee frou, datt d’Regierung iwwerhaapt eng Propose gemaach huet, och wann se net géif deem entspriechen, wat déi fënnef sech erwaart haten. Dofir och d’Fro, ob d’Zomm déi versprach gouf, iwwerhaapt duer geet.

“Dat wëlle mer elo mat de Gemengeréit duerchdiskutéieren a vläicht och d’Eventualitéit, ob d’Regierung eis net och nach an anere Punkte kann entgéintkommen. Zum Beispill op Basis vun de Subsiden.”

Wann d’Regierung bereet wier op dee Wee ze goen, kéint dat bedeiten, datt d’Nordstad bei verschiddene Projeten, déi se realiséiert, méi vum Staat géif bäigeluecht kréien.

“Mir kéinten eis zum Beispill virstellen, datt mer iwwert e gewëssenen Zäitraum en aneren Taux u Subside géinge kréien, wa mer kulturell oder Sportariichtungen an der Nordstad géingen opriichten. Déi hu jo net just eng lokal, mä och eng regional Envergure.”

Eng méiglech Fuerderung, mat där déi fënnef Gemengen d’Regierung also an deenen nächste Woche kéinte confrontéieren. Eng offiziell Äntwert op d’Propose vun der Regierung gëtt et dëst Joer méi wéi sécher net méi.

“U sech si mer u keng Delaie gebonnen. Mir wëllen eis awer natierlech elo relativ zäitno, am Dezember oder am Januar, intensiv mat eise Gemengeréit beroden an da wëlle mer nach emol Récksprooch mam Inneministère a mat der Inneministesch huelen.”

Déi personell Changementer, déi et elo wéinst der Regierungsëmbildung an der Gemeng Dikrech gëtt, hunn an den Ae vun der Buergermeeschtesch vu Bettenduerf keen Afloss op dee ganze Fusiounsprozess.

D’Pascale Hansen erënnert drun, datt ee sech ëmmer als Schäfferéit zesummegesat hätt an ass iwwerzeegt, datt de Successeur vum Claude Haagen genee esou gutt Bescheed weess, wéi hie selwer.

Back to Top
CIM LOGO