SyvicolGemëschte Bilan vun de Gespréicher mat der Regierung

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung selwer hat en Donneschdeg geschriwwen, wéi wichteg e reegelméissegen Echange mat de Gemengen ass.
© SIP / Emmanuel Claude

De Syvicol schreift an engem Communiqué vun engem gemëschte Bilan vun de Gespréicher mat der Regierung en Donneschdeg, déi éischter enttäuschend gewiescht wieren.

De Gemengsyndikat hat d'Entrevue eegenen Aussoen no schonn den 19. Juni gefrot, fir iwwert de finanziellen Impakt vun der Covid-Kris op d'Gemengen a méi Consultatiounsméiglechkeete fir de Syvicol am legislative Prozess ze schwätzen.

De President vum Gemengesyndikat an CSV-Deputéierten Emile Eicher huet gefrot, datt d'Modalitéite fir déi staatlech Subventioune vum Staat, notamment am Beräich vun der Educatioun an der non-formaler Bildung iwwerduecht ginn.

D'Inneministesch Taina Bofferding hätt an deem Kontext drun erënnert, datt d'Subside vu 35 op 40% wéinst dem Covid eropgesat goufen. Och wier déi finanziell Situatioun vun de Gemengen net sou dramatesch. D'Fro vun de Subside soll awer nach emol an enger Reunioun nächste Mëttwoch verdéift ginn.Enttäuscht seet sech de Syvicol driwwer, datt d'Regierung net bereet war, fir eng systematesch Consultatioun vum Gemengesyndikat an engem Gesetz ze verankeren.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum Syvicol

Back to Top
CIM LOGO