D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren ass zwar déi eenzeg Associatioun, déi legitiméiert ass, fir mat der Gesondheetskeess iwwer nei Konventiounen ze verhandelen, mä si hëlt e Vertrieder vun de Spidolsdokteren, als Observateur, mat an déi Gespréicher. Dat sot de President vun der AMMD e Mëttwoch den Owend op enger Pressekonferenz no hirer Generalversammlung op där och d’Presidentin vun de Spidolsdoktere mat dobäi war. Do schéngt sech eng “Dokteschfront” ze forméieren.
Dat wier elo am Trend hunn d’Medezinner am Laache gesot. D’Presidentin vun de Spidolsdokteren ass dankbar, datt e Vertrieder an de Gespréicher kann dobäi sinn an de Generalsekretär vun den Dokteren an Zänndokteren, de Sébastien Diederich seet, datt och doriwwer eraus ënnert eneen zesumme geschafft gëtt.
“Mir kucken da mat hirem Comité fir déi ganzen Zäit an Diskussioun ze bleiwen. Genee wéi mat all deenen anere Cerclen, déi mer kontaktéiere fir datt si hir Propose kënne mat era brénge fir datt mer d’Globalitéit hunn a kënne soen “dat do sinn d’Revendicatioune vun den Dokteren zu Lëtzebuerg. Dat ass dat wat jidderee well, dat wëlle mir gär maachen.""
D’Medezinner hunn och ënnerstrach, datt et net duergeet, fir eng nei Konventioun mat der Gesondheetskeess auszehandelen, mä datt et och musse Gespréicher mam Premier Luc Frieden an der Ressortministesch Martine Deprez ginn.
Op der Generalversammlung goufen eng Rei Motiounen ugeholl, dorënner eng an där sech d’Dokteren dogéint ausschwätzen, datt hir Tariffer iergendwann kéinten no ënne revidéiert ginn, esou wéi dat viru 15 Joer de Fall war. De President vun der AMMD, de Chris Roller.
“2010 waren eis Tariffer wärend der Finanzkris ëm 4,35 Prozent erofgesat ginn an dono sinn et och 6 Joer keng Revalorisatioune ginn. Dat heescht, datt zitt sech ëmmer weider an ass deen Ament net méi ze kompenséieren. Dat ass wéi bei de Salariéeën, wann der sot elo gëtt äre Salaire ëm 10 Prozent gekierzt, do musst der domadder liewen, dofir wëlle mer do e Garde-fou mat era bréngen.”
Wat d’Finanzen ugeet sot d’Monique Reiff, d’Presidentin vun de Spidolsdokteren, datt ee sech muss iwwerleeën, wéi ee méi effizient ka mat de Suen ëmgoen, wann een e Kuch huet, deen net vill wiisst, mä een awer anengems eng modern Medezin muss ubidden.
“Et misst ee méi effikass zesummeschaffen. D’Digitalisatioun ass ëmmer e grousst Thema an elo kënnt nach d’Thema Educatioun dobäi, well mer jo och wëllen Dokteren ausbilden. Wéi stelle mer eis do op a muss wierklech an all Spidol alles gemaach ginn oder di mer eis zesummen op engem Niveau wou mer bis elo ni geduecht hätte kënnen zesummen ze funktionéieren? Komme vläicht nei Iddien? Do gesinn ech eng Opportunitéit mat allen Acteuren ze diskutéieren a vläicht Barrièren, déi mer bis elo ëmmer haten ze sprengen an ze kucke wéi een et anescht mécht.”
Fir den éischte Vizepresident vun der AMMD, de Carlo Ahlborn muss och d’Preventioun eng däitlech méi grouss Roll spillen. Am Allgemenge plädéiert hien dofir, datt ee jonk Leit hei am Land muss motivéiert kréie fir wëllen Dokter ze ginn.
“Medezin, dat wësse wat mer hunn, wa mer dat no all Generatioun ewech ginn dann ass dat e Feeler. Soss hate mer ëmmer traditionell Famillen, wou Dokteren dra waren a wou KnowHow a Wësse weider vermëttelt ginn ass. Dat ass eng valeur inestimable an dat verléiere mer hei. Dat ass net normal.”
D’Attraktivitéit vum Beruff misst also gestäerkt ginn an an deem Kontext seet de Carlo Ahlborn, datt 40 Prozent vun de Jonken, déi Medezin studéieren, dono net méi wéilten op Lëtzebuerg kommen.
En Donneschdeg de Mëtteg huet d’AMMD e weidere Rendez-vous mat de Vertrieder vun der Gesondheetskeess. Do wëll ee sech ënnert anerem eng Timeline ginn. Wa béid Säiten sech net eens ginn, ass et dem Gesetz no un der Ressortministesch fir aktiv ze ginn a Konventiounen z’imposéieren. D’Doktere warnen elo schonn, datt dat an hiren Aen schwiereg wier.