Invité vun der Redaktioun (15. Januar)Georges Mischo, Ex-Minister

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie waren de Récktrëtt vum Georges Mischo an säi Retour an d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© RTL

Et misst elo ophale mam “Mischo Bashing”, hien hätt der vill laanscht Suckel krut, ma hie wier nees opgestanen a wéilt elo no vir kucken. Dat sot de Georges Mischo am RTL-Interview en Donneschdeg de Moien, deen als Minister demissionéiert huet a geschwënn nees als CSV-Deputéierten an der Chamber wäert setzen. Verschiddener hätten iwwerdriwwen, ënnert anerem d’Gewerkschaften, zum Beispill mat hirem freche Bréif voller Ligen, sou de Georges Mischo. Hien, respektiv d’Regierung, hätt misse méi haart si mat de Gewerkschaften a sech dorunner halen, wat am Koalitiounsaccord steet. Hei wier awer zeréck geruddert ginn an dat hätt d’Gewerkschaften ze vill staark gemaach. Ma, hien hätt och Feeler gemaach. Vläicht verschiddene Beamten ze vill vertraut an och am Dossier “Sportsmusée” wier Verschiddenes onglécklech gelaf.

Invité vun der Redaktioun: Georges Mischo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO