
D‘Gewerkschaftsfront wollt RTL géintiwwer à chaud net op déi dach awer hefteg Reprochë vum Ex-Minister reagéieren. De Georges Mischo huet en Donneschdeg de Moie sengen Emotioune fräie Laf gelooss, sou kommentéiert den neien CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz d’Aussoe vu sengem Virgänger.
“Ech mengen, de Georges Mischo huet de Moie seng Gefiller zum Ausdrock bruecht, sou wéi hien dat gespuert a gesinn huet, ech wäert op alle Fall mat där Linn, déi ech elo ageschloen hunn, weiderfueren, mat hinne probéieren erëm deen Dialog hierzestellen an och erëm Vertrauen ze wecken, fir weiderzekommen.”
D‘Ausso, datt d‘Regierung net sec genuch mat de Syndikater ëmgaange wier, fir de Koalitiounsaccord ëmzesetzen, wollt de Marc Spautz net kommentéieren. Hie wier net an de Reuniounen dobäi gewiescht a kéint dowéinst net jugéieren, sou den neien Aarbechtsminister. Allerdéngs wéilt och hien de Koalitiounsaccord ëmsetzen, seet de Marc Spautz. Et soll sou vill wéi méiglech um Verhandlungsdësch no Resultater gesicht ginn. Iergendwa géing d’Regierung awer eng Decisioun huelen.