Wéinst ListerienGereecherte Poulet vun der Mark Delhaize gëtt zeréckgezunn

RTL Lëtzebuerg
De "Poulet fumé", dee vun der Mark Delhaize am ganze Stéck verkaaft gëtt, gëtt wéinst der méiglecher Presenz vu Listerien zeréckgeruff.

Dat deelt d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire mat. De Produit weit eng 1,3 Kilo an huet den Halbarkeetsdatum vum 07.11.2022.

Listerien kënnen Féiwer, Kappwéi, a Mo- an Daarmgripp ausléisen. Virun allem gesondheetlech ugeschloe Leit oder och Kanner kënnen zousätzlech och neurologesch Problemer kréien.

D’Iwwelzegkeet trëtt meeschtens scho bannent den éischten dräi Stonnen op, déi neurologesch Symptomer kënne sech awer dacks eréischt eng dräi Méint no der Consommatioun weisen.

Wien kontaminéiert Produite giess huet a Symptomer huet, soll sech u säin Dokter riichten.

PDF: Gereecherte Poulet

Back to Top
CIM LOGO