Tarifverhandlungen mam OGBLGeschäftsféierung vu Coca-Cola géif weiderhi blockéieren

RTL Lëtzebuerg
Zënter dem Relancement vun de Verhandlungen am November 2022 géif de Management vu Coca-Cola Luxembourg d'Thema vun engem neie Kollektivvertrag ofblocken.

Dat deelt den OGBL an engem Communiqué e Méindeg de Moie mat. D’Gewerkschaft kritiséiert de Manktem un Transparenz vum Management bei de Verhandlungen. Coca-Cola Lëtzebuerg géif ënnert anerem refuséieren, d’Finanzresultater virzeleeën. D’Fuerderunge vum OGBL géifen och einfach ignoréiert ginn, eng eenzeg Primm, déi am Joer 2023 ausbezuelt gouf, bezeechent d’Gewerkschaft als “lächerlech”. D’Direktioun géif bei wichtege gewerkschaftleche Fuerderunge blockéieren, notamment bei reegelméissege Lounerhéijungen a bei enger Prime unique.

D’Gewerkschaft verweist op e Resultat vun 276 Milliounen Euro fir 2022. Geschwë géifen et gewerkschaftlech Aktioune ginn, sou den onofhängege Gewerkschaftsbond weider am Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO