Mord um Ana LopesGeschwëster vum Ugekloten zeechne kee positiivt Bild vun der Policeaarbecht

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no den Eltere vum Beschëllegten hunn en Donneschdeg am Prozess ëm den Doud, am Januar 2017, vum Ana Lopes och d'Geschwëster vum Ugekloten ausgesot.

D'Police hätt drop insistéiert, dass si eng Auerzäit nenne géif, wéini de Beschëllegten den Owend vun der Dot heemkoum, sot d'Schwëster. De Brudder huet iwwerdeems gemengt, en Enquêteur hätt Saache verdréint, wat d'Relatioun mat senger Fra ugeet.

Mord um Ana Lopes/Reportage Eric Ewald

"Ech mengen, Dir deconéiert all an Ärer Famill!", huet d'Presidentin vum Geriicht dozou bemierkt, ier d'Vertriederin vum Parquet erkläert huet, dass eng Instruktioun wéinst Harcèlement obsessionnel géint de Brudder lafe géif. Dee fonnt huet, d'Verhale vum Enquêteur géif minimiséiert ginn, wouropshin d'Riichterin gefrot huet, firwat de Mann da keng Plainte bei der IGP gemaach hätt, der Police vun der Police. "Dat déngt näischt!", war d'Äntwert vum Brudder dorop. Dee seng Ausso domat ugefaangen hat, dass d'Ana Droge consomméiert a verkaf hätt, wourop d'Presidentin geäntwert huet, just seng Famill géif vun engem Drogentrafic vum Ana schwätzen. Firwat hie sécher wär, dass dem Ana säi Mäerder aus dem Drogemilieu kéim an déi jonk Fra Drogen an engem Bësch verstoppt hätt, wollt d'Riichterin nach wëssen. Et hätte Leit dat gesot, sot de Mann dozou. "Domat kënne mir näischt ufänken. Dat huet null Wäert.", huet d'Presidentin betount. Um Ufank vun der Sëtzung hat d'Schwëster vum Beschëllegten ausgesot, déi deklaréiert hat, si an hien hätten den Owend vun der Dot zesummen e Film gekuckt. Zur Fro, wéini de Brudder deen Owend heemkoum, hätt d'Police eng Auerzäit wëlle genannt kréien, sot si: "Et ass erstaunlech, dass d'Police insistéiert huet an Är Mamm an Dir allebéid déi selwecht falsch Auerzäit vun 21.30 Auer ugitt. Äre Brudder ass um 22.48 Auer nach laanscht de Café vum Ana gefuer.", sou d'Riichterin. Et wär net einfach, dass hiren onschëllege Brudder beschëllegt gouf, huet d'Schwëster uginn. De Brudder wär wuel jalous gewiescht, jo, mä hätt och ënnert der Relatioun mam Ana gelidden.

Dëse Prozess geet de Freideg de Moie mat der Depositioun vum Ugeklote virun.

Back to Top
CIM LOGO