
"De Pacte Logement"
Déi éischt Versioun leeft Enn d'nächst Joer aus. Am nächste Fréijoer soll de Gesetztext fir de Pacte Logement 2.0 deposéiert ginn. Déi grouss Linne vun der Neioplo hat d'Regierung scho presentéiert. En Dënschdeg konnten d'Deputéiert an der Chamber hir Iddie mat op de Wee ginn.
D'Parteie si sech nämlech all eens: de Pacte Logement, deen 2008 ausgeschafft gouf, war am Usaz gutt.
''Mä en hat ee Problem, dat war, dass en déi Bindung net hat fir abordabele Wunnraum ze schafen.'' De Logementsminister Henri Kox huet deemno drun erënnert, dass d'Héicht vun de Subsiden un d'Gemenge just un de Wuesstem gebonne war. Dat soll änneren, awer net dass Sue fléissen, "awer op d'Unzuel vun abordabelem Wunnraum bezunn, deen an där Gemeng gebaut gëtt.''
Dee kéint dem Minister no och vun engem private Promoteur gebaut ginn. Natierlech krut de Minister vu senger grénger Partei de Réck gestäipt. Och d'DP an d'Sozialisten hunn der Regierung felicitéiert. Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten verlaangt awer nach, dass een d'Bedeitung vum Term ''abordabel'' nach präziséiert.
''Wat fir eng Persoun déi 6.000 Euro Netto de Mount verdéngt abordabel ass, ass dat net onbedéngt, déi just 3.000 Euro de Mount huet, a scho guer net fir eng, déi nach manner huet. Wa mir vu Loyer schwätzen, mécht et also Sënn, fir deen un d'Akommes vun de Beneficiairen ze koppelen.'', huet den Yves Cruchten an deem Kontext gemengt.
Blo-Rout-Gréng hätt bis elo net kënne verhënneren, dass esouguer de Mëttelstand et mëttlerweil schwéier huet, eng Wunneng zu Lëtzebuerg ze fannen.
''Et ass net mat deem Päckelche Logement, deen dir elo hei maacht, wou dat wäert änneren.''
Dëst waren d'Wierder vum Marc Lies vun der CSV. Déi Kritik vun der CSV war sech ze erwaarden. D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei hat Mëtt November 23 Mesurë géint de Logementsproblem presentéiert. Mä och fir si ass et Prioritéit, dass méi abordabele Wunnraum an d'ëffentlech Hand kënnt. D'Oppositioun huet um Pacte tëscht Gemengen a Staat u sech wéineg auszesetzen.
Déi Lénk zum Beispill kritiséiere virun allem d'Steierpolitik. Dem David Wagner no, misst een de Wunnengsnoutstand ausruffen, soss géif et ganz batter fir ganz vill Leit ginn. Anescht ewéi de Regierungschef hu si sech dorop behaapt, d'Spekulante mat héije Stéiere bestrofen ze bestrofen. D'Regierung géif sech awer den Ament éischter um Wee vun der Belounung befannen, sou nach den David Wagner.
Déi 102 Gemenge missten ënnert d'Äerm gegraff kréien. D'Inneministesch Taina Bofferding huet dofir ënnerstrach, datt "ouni d'Matwierke vill gutt Iddien net ëmgesat kéinte ginn, well am Endeffekt et d'Gemenge sinn, déi decidéieren, ob gebaut gëtt oder net.''
Déi Lénk an och d'LSAP fuerderen, dass de Pacte Logement 2.0 misst verflichtend sinn.