
D’Stéit dofir awer kompenséiert ginn. Zu dëse Mesure gehéieren ënnert anerem e Crédit d‘impôt energie fir de Verloscht u Kafkraaft auszegläichen, eng Hausse vun de Studiebäihëllefen oder dass d’Loyeren bis Enn dës Joers net dierfe gehéicht ginn.
Ausserdeem huet de Regierungsrot decidéiert, de Patrick Michaely als neien Direkter vum Naturmusée ze proposéieren. De Patrick Michaely schafft scho bal 30 Joer fir de Musée a war hei bis ewell zoustänneg fir d‘Kommunikatioun.