
No enger geneeër Analys vum rechtleche Kader, hu mer festgestallt, datt d'gesetzlech Basis fir eng partiell Quarantän an der Schoul net zolidd genuch ass, heescht et an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
Déi ëmstridde Reegel war jo virun enger Woch no vill Kritik vum Terrain zeréckgeholl ginn.
Fir deels kritesch Reaktiounen hunn och d'Recommandatioune vun der Santé gesuergt, wéi een e Kand a Quarantän doheem vum Rescht vun der Famill isoléiere soll. Et wier ee sech natierlech bewosst, datt dat besonnesch bei klenge Kanner net sou einfach ze maachen ass. Et misst gekuckt ginn, wat realisabel a wat vertrietbar ass, am Wuel vum Kand. D'Recommandatioune vun der Santé wiere generell Richtlinnen, déi individuell adaptéiert ginn, sou de Claude Meisch. Et géifen och Situatioune sinn, wou een Elterendeel, zesumme mam concernéierte Kand, vum Rescht isoléiert.
Wa méi wéi zwee Corona-Fäll an zwou Wochen an enger Klass virkommen, gëtt dës Klass a Quarantän gesat.