
Den entspriechende Gesetzprojet gouf e Mëttwoch an der Chamber unanime mat 59 Mol Jo ugeholl. Wat als éischt emol ewéi e Virdeel fir de Patron ausgesäit, soll awer virun allem de Salarié ofsécheren.
Tëscht Summer an Hierscht hunn d'Wënzer laang Schaffdeeg. D'Lies kascht si an hir Salariéeë vill Kraaft an Nerven. Dacks stinn d'Salariéeën däitlech méi laang ewéi 8 Stonnen an de Wäibierger, fir all d'Drauwen eranzehuelen. Eng juristesch Grozon.
"Mir wëssen all, dass dat e ganz vulnerabele Secteur ass. A mir wëssen, dass et an dësem Secteur vill ''Wildwuchs'' gouf, wat d'Aarbechtszäiten ugeet. Dat heite bréngt eng gewësse Securitéit era fir d'Salariéeën an dofir ass et a mengen Aen e gudde Gesetzprojet.", esou den Aarbechtsminister Dan Kersch.
De System vun de Referenzperiode bleift bestoen. Perioden, an deenen e Patron säi Personal méi flexibel asetzen dierf. Fir ee bis zwee Méint kritt e Salarié dofir awer annerhallwe Congésdag bäi. A Staffelunge geet dat elo erop bis 4 zousätzlech Congésdeeg fir eng Referenzperiod tëscht 4 a 6 Méint.
Den neie Gesetzprojet erlaabt och, dass periodesch iwwer maximal 6 Woche bis zu 12 Stonnen den Dag a bis zu 60 Stonnen d'Woch geschafft dierf ginn.
"Dat ënnert der Konditioun, dass bannent der fixéierter Period d'Moyenne vun de geleeschte Stonnen net iwwer 40 Stonnen läit.", esou d'Carole Hartmann, Deputéiert vun der DP.
Et ass e System, dee méi Flexibilitéit an d'Secteure brénge soll, déi u saisonal Konditioune gebonne sinn. E System, deen de Patron an de Salarié juristesch ofséchere géif, där Meenung waren all d'Deputéiert.