Bei Verdacht op CoronavirusGesondheetsministère entscheet, wéini ëffentlech Schoulen zougemaach ginn

Tim Morizet
Italien hat e Mëttwoch decidéiert, dass all d'Schoulen an Universitéiten am Land bis de 15. Mäerz zoubleiwen.

An deem Kontext stellt sech natierlech d'Fro, wat am Fall vun engem Coronavirus-Verdacht an enger Schoul zu Lëtzebuerg geschitt? Hei goufen Zeenerien an de leschten Deeg mat Direktere vu verschiddene Schoulen duerchgespillt. Zeenerien, déi sech awer mat der Zäit ëmmer nees adaptéieren an ännere kéinten, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op RTL Nofro hin.

D'Recommandatioune sollen de Schoulen an dem Ministère erlaben, séier am Eeschtfall z'agéieren. D'Schoulen zu Lëtzebuerg bleiwen awer op, et wier och net un enger ëffentlecher Schoul ze decidéieren, ob se hir Dieren zou mécht, ma dat géif alles iwwert de Gesondheetsministère decidéiert ginn. Fir privat Schoule gëllt eng Exceptioun.

Bis ewell hu sech och scho 50 Organisateure vu Manifestatiounen am Land beim Ministère gemellt, fir beroden ze ginn. Via Formulaire kënne si vun der Direction de la Santé eng Aschätzung kréien, wéi héich de Risiko vum Coronavirus ass.

RTL-Artikel: Elo offiziell: All Schoulen an Universitéite bis de 15. Mäerz zou

Back to Top
CIM LOGO