Zanter dem 21. August zejoert ass d'Osteopathie zu Lëtzebuerg e gesetzlech unerkannte Beruff. Mam neie Gesetz gouf och decidéiert, datt jiddereen, deen als Osteopath hei am Land wëll schaffen, nach emol en Dossier un d'Santé muss schécken, fir datt offiziell ka confirméiert ginn, datt dës Persoun dee Beruff och dierf ausüben respektiv d'Diplomer unerkannt sinn. Bis den 31. Mäerz dëst Joer konnten d'Dossieren eragereecht ginn
Ass jiddereen, deen op senger Cabinetsdier den Titel vum Osteopath stoen huet och wierklech an deem Beruff ausgebilt? Fir dat ze kontrolléieren an offiziell Autorisatiounen auszeschreiwen hat de Gesondheetsministère en Opruff un d'Osteopathe gemaach, fir hir Pabeieren, Diplomer a Formatioune validéieren ze loossen. Bis haut goufen 189 Demandë fir eng Autorisatioun d‘exercer un d‘Santé geschéckt.
140 Dossiere goufe bis dato guttgeheescht, wat bedeit dass d’Diplomer vum Héichschoulministère unerkannt goufen an och soss all d’Dokumenter vum Gesondheetsministère analyséiert an accordéiert goufen. De Rescht, knapp 50 Demanden, stinn aus verschiddene Grënn nach op. Zum Deel well d’Taxe fir d’Reconnaissance vum Titel vum Osteopath nach net bezuelt gouf, oder well d'Dokumentatiounen am Dossier feelen oder well nach Froen zu spezifesche Formatiounen opstinn.
Wéi et heescht géife bei den zoustännege Ministèren och bal all Dag nach nei Demanden agereecht ginn. D’Lëscht mat den Nimm vun den offiziell unerkannten Osteopathen zu Lëtzebuerg soll iergendwann och um Internetsite vun der Santé nozeliese sinn.