Entrevue geplangtGëtt d'Fusioun vun deene 5 Nordstadgemengen eng Realitéit?

RTL Lëtzebuerg
Mëtt Januar wollten d’Buergermeeschtere vun deene fënnef Nordstadgemengen an enger Reunioun mam Inneministère zu enger Conclusioun kommen.
© Jeannot Ries / RTL

Zum Rendez-vous mat de Gemengen Dikrech, Bettenduerf, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng un der Sauer ass et bis elo awer nach net komm. D’Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, d’Pascale Hansen, déi am Numm vun de fënnef Gemenge schwätzt, seet, datt sech de Schäfferot vun de Gemengen d’nächst Woch wäerte gesinn, fir zu enger gemeinsamer Positioun ze fannen. No der Fuesvakanz wéilt ee sech da mat der Inneministesch Taina Bofferding treffen. “Am Moment kann a wëll ech awer soss nach näischt soen”, sou d’Pascale Hansen ob Nofro.

Bis elo waren déi fënnef Gemenge positiv zu enger Fusioun agestallt. Iwwert d’Fro vun der Héicht vun der Enveloppe vum Staat konnt ee sech nach net eens ginn. Hei gouf et awer schonn en Entgéintkomme vu béide Säiten. Den Ament kruten d’Gemenge 60 Milliounen Euro fir d’Fusioun proposéiert. Dat ass nëmmen d’Hallschent vun deem, wat gefuerdert gouf, mee duebel esouvill wéi ugangs virgesi war.

Am Inneministère ass ee virsiichteg optimistesch, datt d’Fusioun dach nach eppes gëtt. De Ball géing awer bei de fënnef Gemenge leien. Si musse sech elo eens ginn, ob si de Wee wëlle goen, an ob se en all zesumme wëlle goen.

Back to Top
CIM LOGO