UN-Spezialbeoptraagte zu LëtzebuergGewalt géint Kanner nach ëmmer Tabuthema

Claudia Kollwelter
1 Kand vu 6 lieft aktuell an engem Konfliktgebitt, 1 vu 6 an extremer Aarmut. En Enn vun der Gewalt géint d'Kanner bis 2030 - dat ass d'Zil vun der UN.
Gewalt géint Kanner nach ëmmer Tabuthema
1 Kand vu 6 lieft aktuell an engem Konfliktgebitt, 1 vu 6 an extremer Aarmut. En Enn vun der Gewalt géint d’Kanner bis 2030 - dat ass d’Zil vun der UN.

Am Kader vun enger didaktescher Foire an enger Konferenz iwwert d’Rechter, mee och de Schutz vun de Kanner ass d’UN-Spezialbeoptraagte géint Gewalt u Kanner, d’Dr. Najat Maalla M’jid op Besuch zu Lëtzebuerg.

Gewalt géint Kanner / Rep. Claudia Kollwelter

Et géif kee Land op der Welt ginn, wou et keng Gewalt géint Kanner gëtt, betount d’Dr. Najat Maalla M’jid kloer a schwätzt vun enger weltwäiter Pandemie, déi ee leider dacks net géif gesinn, well se an engem Krees vu Vertraue geschitt:

“An de Familljen, de Kierchen, de reliéisen a kulturellen a sportlechen Organisatiounen.”

Leider wier et nach ëmmer dacks en Tabuthema an d’Kanner géifen net sou gehéiert ginn, wéi se missten oder d’Reaktioune wieren net déi, déi se misste sinn. D’Gewalt wier antëscht vill ze vill normaliséiert:

“Et ass impressionant. 1.000 Doudeger ass normal, en doudegt Kand oder e Kand wat geschloe gëtt, schéngt normal.”

Fir datt sech eppes dorun ännert, wier jidderee gefuerdert. Ma leider géif a Punkto Gewalt géint Kanner dacks vergiess ginn, wien alles implizéiert ass:

“Mir vergiessen datt d’Educatioun eng Roll huet, d’Police, d’Justiz, d’Santé, d’Protection sociale. An och de Finanz- a Budgetsministère! D’Käschte vu Gewalt belafe sech Estimatiounen no op 8% vum globale PIB a 5% vum nationale PIB.”

Et misst kloer Transparenz ginn, wie fir wat responsabel ass, wie wat mécht an datt se do accessibel sinn, wou d’Kanner an d’Famillje se och reell brauchen. Ma och wann ee wäit vum Zil vun 2030 fort wier, bleift d’Dr. Najat Maalla M’jid optimistesch:

“Et kann een ëmmer agéieren an et ass ëmmer nach Zäit, wann nach Luucht an den Ae vun de Kanner ze gesinn ass. Wann déi bis aus ass, ass et ze spéit. An ech hu Kanner gesinn, déi Initiative geholl hunn. Se waarden net méi op déi Erwuessen.”

De gréisste Challenge aktuell wier et an hiren Aen, datt een et hikritt datt d’Kanner a Jugendlecher erëm Vertrauen an d’Institutioune kréien.

Back to Top
CIM LOGO