Manifestatioune géint CovidmesurenGewaltbereet Impfskeptiker just ee klengen Deel vun der Gesellschaft

RTL Lëtzebuerg
Wie sinn d'Leit, déi sech op den Demonstratioune géint d'Coronamesurë mobiliséieren? D'Dr. Anja Leist, Professesch op der Uni Lëtzebuerg, gëtt Äntwerten.
© Domingos Oliveira (Archiv)

D’Biller vun der Manifestatioun de leschte Samschdeg an der Stad sinn eis all nach am Kapp. Och datt e klengen Deel vum Grupp randaléiert huet, an op hire Schëlder d’Covidmesurë mam Holocaust oder dem Naziregimm verglach huet. Mee wie sinn déi Impfgéigner a wat beweegt si dozou, sech net impfen ze loossen? A wéi soll d’Regierung oder och den eenzele Bierger op Impfgéigner reagéieren?

D’Sabrina Backes huet mat enger Fuerscherin am Beräich “Ëffentlech Gesondheet” vun der Uni Lëtzebuerg doriwwer geschwat.

Gewaltbereet Impfskeptiker / Rep. Sabrina Backes

Am grousse Ganze misst een tëscht Leit ënnerscheeden, déi sech net wëllen impfe loossen, well se nach onsécher sinn an deenen, déi d’Impfung strikt refuséieren. Dat seet d’Anja Leist, Professesch op der Uni Lëtzebuerg, déi un der sougenannter Convince-Etüd bedeelegt war, déi d’Impfbereetschaft hei am Land analyséiert huet an ënnersicht huet, wien déi Leit sinn, déi nach zécken.

“Das sind jüngere Menschen, die auch gerne erst einmal abwarten möchten, wie die Impfung von anderen vertragen wird und sich selber nicht unmittelbar im Risiko sehen stark zu erkranken. Und es sind auch Menschen, die weniger Bildung genießen konnten, die auch oft sich nicht so gut informiert fühlen.”

Wee sinn awer déi Leit, déi sech géint d’Impfung wieren an hei am Land souguer Vandalismus bedreiwen? Am Moment hätt een nach kee groussen Iwwerbléck doriwwer, erkläert d’Anja Leist. Mee an Däitschland hätt ee bei änlechen Demonstratioune gesinn, datt sech hei vill verschidde Leit drënner mëschen.

“Das ist nicht die Gruppe der Impfzögerlichen, das muss man verstehen. Die Leute, die wir gesehen haben auf den Straßen, das ist noch einmal eine nicht repräsentative kleine Gruppe der Impfzögerlichen und die kommen, wenn es nach den deutschen Studien geht, aus den unterschiedlichsten politischen Orientierungen, haben unterschiedliche Überzeugungen und unterschiedliche Gründe, die Impfung abzulehnen.”

Op déi Leit de Weekend bezunn, kéint een deemno net soen, dass et nëmme Leit aus enger bestëmmter politescher Richtung sinn. Dr. Anja Leist weist nach eng Kéier drop hin, dass et sech hei och ëm ee klengen Deel vun der Bevëlkerung handelt. De gréissten Deel vun der Gesellschaft wier fir d’Impfen. Dat wier schonn emol e gudde Punkt fir deejéinegen, déi nach onsécher sinn, ze signaliséieren, dass de Gros wierklech dohannert steet.

D’Impfwoch wier do och schonn de richtege Wee, fir onsécher Leit ze iwwerzeegen. Hei gëtt versicht, d’Impfe méi no un d’Leit ze bréngen, andeems ënner anerem an Akafszentre geimpft gëtt. Eng Impfflicht par konter, gesäit d’Dr. Anja Leist als schwiereg.

“Die Menschen entscheiden sich gerne aus freien Stücken, oder nachdem ihnen erklärt worden ist, warum sie sich impfen lassen sollen, nämlich, da es sehr viel sicherer ist geimpft auf das Virus zu treffen, als ungeimpft, dann erreicht man die Menschen. Aber in der Regel sind Pflichten, wie sie in anderen Ländern diskutiert oder umgesetzt wurden, nicht besonders produktiv.”

Et soll een also vill méi op eng geziilten Informatioun setzen. Dat géing d’Regierung och antëscht versichen, andeems se op hirem Internetsite impfen.lu geziilt de Mënschen erkläert, wéi een Donnéeën interpretéiere soll a wat den Notze vun der Impfung ass. Och wier et sënnvoll, Informatioune genee op deene Plattformen ze publizéieren, wou sech vill Leit ophalen, sou nach d’Dr. Anja Leist.

Back to Top
CIM LOGO