StengefortGewalttätegen Iwwerfall mat engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.45 Auer koum et e Méindeg den Owend zu dësem Virfall.
© RTL Archiv

Eng Persoun war hei an der Rue de Luxembourg zu Stengfort iwwerfall ginn, nodeem dës aus engem Bus geklomme war, deen aus Richtung Stad koum.

Eng jonk Fra an e Mann, déi och am Bus waren, sinn um selwechten Arrêt erausgeklommen. De Mann huet dem Affer dunn e puer Schléi an d'Gesiicht ginn an ëm dunn de Portmonni geklaut.

Dono si béid Täter an den Zentrum vu Stengefort gerannt, allerdéngs konnt d'Police no enger Sich-Aktioun dës net méi erëmfannen. D'Affer gouf liicht am Gesiicht blesséiert a gouf och medezinesch behandelt.

Weideren Déifstall an der Stad

Heizou koum et e Méindeg den Owend um 21 Auer. D'Affer krut vun zwee Männer den Handy an de Portmonni geklaut, dat mam sougenannten "Danztrick", wou d'Affer ofgelenkt gëtt, wärend deem d'Täter zouschloen.

D'Täter sinn no der Dot a Richtung Rue de la Poste fortgelaf. Och hei ass eng Sich-Aktioun vun der Police negativ ausgefall. Ermëttlunge goufen ageleet an eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO