Den Educatiounsministère, de Parquet an d’Police wëlle sensibiliséieren a lancéieren d’Campagne “Not sharing is caring”. Den Haaptmessage ass deen, datt d’Distributioun vu Gewaltvideoe verbueden ass an och strofbar.
D‘Kläpperei am Schoulhaff oder um Schoulwee ass u sech keen neit Phänomen, sou den Educatiounsminister Claude Meisch:
“Wat awer nei ass, ass datt dat ganz bewosst a massenhaft iwwer sozial Medien gedeelt gëtt.
Dat Phänomen beschäftegt eis zënter 1-2 Joer intensiv.”
Déi Evolutioun ass problematesch an d‘Erausfuerderung ass grouss, sou de Constat. Fir all Zeien, deen eng Gewaltdot filmt a se duerno online verbreet, huet de Procureur d‘Etat adjoint David Lentz dësen däitleche Message:
“Dat filme bréngt eng Victimisation secondaire vum Affer op de soziale Reseauen. Wie filmt, riskéiert eng Non-assistance à personne en danger an et gëtt och spezifesch Artikelen am Code pénal, déi dat dote spezifesch bestrofen an da ka bis zu 5 Joer Prisong goen.”
An déi, déi ee géing kréien, do géif et och eng Suite ginn, sou de Procureur Lentz, och wann et sech bei de Sanktioune fir déi Mannerjäreg dacks ëm sougenannt Diversiouns-Mesurë géing handelen.
Wien Zeie vun enger Gewaltzeen gëtt, soll d‘Police ruffen an net fir d‘Sozial Medien e Video dréien, sou de Message.
Wéi ass d‘Gewaltbereetschaft bei de Jonken evoluéiert? Eng Statistik gëtt et net, nawell géif een op Basis vun den Dossiere keng aussergewéinlech Hausse feststellen, sou den David Lentz:
“Et gëtt ëmmer gesot: déi Jugendlech si méi aggressiv ginn. Dat ass falsch. D‘Gesellschaft gëtt méi aggressiv. Et ass kee jugendleche Problem, mä e generelle Problem.”
Parallel gëtt och den Appell un d‘Eltere gemaach, sech hirer Roll bewosst ze sinn an hiert Kand ze suivéieren.
Wat d‘Schoulen ugeet, gëtt vun der Rentrée un de Poste vun engem Delegéierte fir d‘Sécherheet vun de Kanner geschaaft, et soll en Austausch tëscht den Direktioune vun de verschiddene Lycéeë ginn an et wäerte Formatiounen ugebuede ginn, sou de Claude Meisch.
Den Detail vun der Campagne gëtt et op notsharingiscaring.lu.