Wéi et an engem Schreiwes vum Onofhängege Gewerkschaftsbond heescht, wéilt ee géint d'Attitüd, déi d'Direktioun vun der Entreprise bei de Verhandlungen iwwer en neie Kollektivvertrag un den Dag leet, demonstréieren. Dës goufe viru knapps engem Joer opgeholl a géifen zanterdeem net virukommen.
Den OGBL kritiséiert ënnert anerem, dass d'Direktioun géif refuséieren, d’Finanzresultater virzeleeën, an dass all gewerkschaftlech Fuerderung géif vu virera blockéiert ginn.