
En Donneschdeg hunn de Grand-Duc an de Jean Asselborn vun hirer Japan-Rees profitéiert, fir déi japanesch Firma Fanuc (Fuji Automatic Numerical Control) ze besichen, déi direkt um Fouss vum Mount Fuji läit.
D'Fabrick, déi hiren europäesche Sëtz zu Iechternach huet, gehéiert zu enger vun de weltwäit gréisste Constructeure fir industriell Roboteren. An Europa beschäftegt Fanuc iwwer 1.300 Leit, dovun 230 zu Lëtzebuerg.
E Freideg stoung donieft eng Entrevue mam japanesche Premier Shinzo Abe um Programm, deen d'bilateral Relatiounen tëscht béide Länner ervirgestrach huet an den Ofschloss vun hirem Openthalt a Japan war eng Visitt an der Seide-Fabrick "Mori Silk Factory".