Anästhesist vun den HRS erkläertNach keng kritesch Lag a Spideeler, Bluttreserve sollten awer net weider erofgoen

Samantha Weber
Ëmmer nees mécht d'Rout Kräiz dréngend Opriff, fir Blutt ze spenden. Mä wéi kritesch ass d'Situatioun an de Spideeler zu Lëtzebuerg an a wéi enge Fäll gi Bluttfusioune gebraucht?
© RICCARDO MILANI/Hans Lucas via AFP

Bei de Bluttreserve wier et dem Dr. Cyril Thix - Anästhesist reanimateur bei den Hopitaux Robert Schuman a Samu-Noutdokter - no wichteg tëscht de "Bluttproduiten" z'ënnerscheeden. Nieft de roude Bluttkierpercher géing zum Beispill och de Plasma aus de Spende gehale ginn. Dëse kéint agefruer ginn, wouduerch e méi laang ka genotzt an e richtege Stock opgebaut kéint ginn. Déi rout Bluttkierpercher wieren awer "just begrenzt haltbar", erkläert den Dokter. Dowéinst géinge virun allem wärend Vakanzenzäiten oder wärend der Grippesaison d'Stocke vun de roude Bluttkierpercher erofgoen an da kéim et zu Situatioune wéi elo, wou d'Reserven nach just fir eng gutt Woch duergéinge goen.

Generell gi Blutttransfusioune bei Urgencen oder geplangten Operatioune gebraucht. Urgencë wieren typescherweis Accidenter, bei deene "Patiente vill Blutt verléieren". Fir dës Fäll géing et eng speziell Reserv am Spidol ginn. Ënnert geplangten Operatiounen oder Aktivitéite falen zum Beispill Patiente mat chronesche Krankheete wéi Kriibs oder Niereninsuffizienz, awer och Leit, déi "scho persé en niddregen Hemoglobin-Wäert" hunn, also deen Deel am Blutt, deen de Sauerstoff an d'Organer transportéiert. An deene Fäll géing d'Spidol Blutt am Virfeld bei der Croix Rouge bestellen. Generell hu Leit en Hemoglobin-Wäert vu 15. Eng Blutttransfusioun géing haut awer eréischt gemaach ginn, wann dee "Wäert ëm d'Hallschent reduzéiert ass". Transfusioune géingen dem Anästhesist no also just gemaach ginn, "wann et wierklech néideg ass".

Datt besonnesch d'Reserve vun der Bluttgrupp 0- esou knapp wieren, kéint dem Dokter no doru leien, datt dat dee Grupp ass, deen all Patient ka kréien - besonnesch bei Urgencen, bei deenen nach net gewosst ass, wéi eng Bluttgrupp d'Persoun huet.

Datt d'Rout Kräiz elo en Opruff mécht, géing dem Dr. Thix no net bedeiten, datt d'Situatioun an de Spideeler aktuell kritesch wier oder een elo scho rationéiere misst. "Fir eis am Spidol ass et elo nach net esou, datt mir misste programméiert Aktivitéiten ofsoen", "mä dat kéint antrieden, falls elo d'Reserven nach weider géingen erofgoen". Et wier also wichteg, elo Blutt spenden ze goen an d'Reserven nees opzestocken.

Wéi a wou ee Bluttspende kann, kënnt Dir an eisem Reportage noliesen:

Back to Top
CIM LOGO