
D'Blutt-Reserve gi knapp. D'Croix-Rouge mécht um Dënschdeg en Appell, well déi aktuell Reserven ënnert dem minimalen Niveau léichen, deen néideg ass fir d'Spideeler normal kënnen ze beliwweren. Et geet grad mol nach duer fir 8 bis 9 Deeg.
Besonnesch enk ass et bei de Bluttgruppen A Rhesus-negativ an Null-negativ.
Dat hätt domadder ze dinn, dass iwwert de waarme Summer manner Leit spende gaange sinn a sech d'Situatioun an de leschte Woche net verbessert hätt. Mëttlerweil kéinte vill Spender och net op e Rendez-vous, well se erkaalt sinn oder d'Gripp hunn.
D'Croix-Rouge rifft dofir op, an den nächsten Deeg a Wochen, Blutt spenden ze kommen.
E Rendez-vous kritt een op "dondusang.lu", oder et geet ee spontan laanscht, am Bluttspender-Center op 42, Boulevard Joseph II an der Stad.