
De Grand-Duc Henri huet op Hellegowend d’Joer 2019 a sengem Chrëschtdagsmessage Revue passéiere gelooss. An do och un d’Solidaritéit appelléiert, un de Kampf fir d’Erhale vun eise Wäerter an d’Leit encouragéiert, sech de Verännerungen ze stellen an unzepassen.
A sengem 8 Minutte laangen Discours huet de Grand-Duc Henri e puer Evenementer erausgepickt, déi hie besonnesch markéiert hunn. Eent dovunner war den Dout vu sengem Papp dem Grand-Duc Jean, deen am Abrëll gestuerwen ass.
Wéi mir den 23. Abrëll hu missten de Grand-Duc Jean goe loossen, mat deem mir ee gudden a besuergte Papp verluer hunn. Wat bleift, ass d'Erënnerung un ee groussaartegen an devouéierte Staatschef.
Dëst Joer gouf och de 75. Anniversaire vun der Befreiung gefeiert an un déi geduecht, déi fir eis Fräiheet hiert Liewe ginn hunn.
Wat eis bleift ass d'Fräiheet, d'Erënnerung an d'Hoffnung, datt Krich ni méi a Fro kënnt.
Dëst Joer stoung am Zeeche vun der Erënnerung, esou de Grand-Duc Henri. Mat engem Bléck no vir huet de Staatschef op déi politesch Stabilitéit higewisen, déi eis haut eis Fräiheeten a Rechter garantéiert.
Esou verschidden d'Meenungen an eiser pluralistescher Gesellschaft sinn, esou hu se awer meeschtens de selwechten Ausgangspunkt, datt een eppes un der Welt ännere kann, datt de Fortschrëtt méiglech ass, fir eng besser Zukunft. Et ass dofir wichteg, Idealer a Virbiller ze hunn. Oder op d'mannst u fest Valeuren ze gleewen.
Wäerter wéi Solidaritéit missten héichgehale ginn.
Dat geléngt eis dacks, mä net ëmmer. Do si mir also weiderhi gefuerdert. Mir kënnen awer houfreg sinn, datt bei wichtege Momenter d'Gefiller vun Zesummestoen ënner Beweis gestallt ginn.
Wéi zum Beispill beim Tornado, deen am Summer iwwert Péiteng a Käerjeng gezunn ass, an do fir vill Schued gesuergt hat.
Léif Matbierger. Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie an all eise Kanner wënschen ech Iech vu ganzem Häerzen schéi Chrëschtdeeg an elo schonn all Guddes fir ee glécklecht neit Joer.