"Next Generatioun EU"Green Bond op der Lëtzebuerger Bourse agelaut

Frank Goetz
Am ganze soll de Fong iwwer 800 Milliarden Euro bereetstellen, fir d'Ekonomie no Corona ze ënnerstëtzen.

A Presenz vum EU-Budgets-Kommissär Johannes Hahn gouf den Dënschdeg op der Lëtzebuerger Bourse offiziell d'Notéierung vun der éischter grénger Obligatioun am Kader vum Neesopbau Fong "Next Generatioun EU" agelaut.

D'Europäesch Kommissioun huet d'lescht Woch dann och den éischte gréngen Emprunt iwwer 12 Milliarden Euro placéiert. D'Revenue ginn exklusiv fir gréng a nohalteg Investitiounen an der ganzer EU genotzt. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet ënnerstrach a verséchert, datt Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Bourse e staarke Partner fir d'Zukunft an der grénger a nohalteger Finanz wäert sinn. Den Engagement vun der Finanzplaz fir nohalteg Finanzéierunge géif weider verstäerkt.

Back to Top
CIM LOGO