Greenpeace hat e Samschdeg op Mäerzeg invitéiert an do konnt ee, wann ee sech registréiert hat, bei der Bam-Planz-Aktioun matmaachen an tëscht 15 verschiddene Bamzorte wielen. Zu den Haaptgrënn vun esou Aktiounen zielt Biodiversitéit, e bessert Klima souwéi d’Loft- a Liewensqualitéit vun den Awunner verbesseren.
De sougenannten Tiny Forest gouf no der Miyawaki-Method ugeluecht, bei där duerch eng speziell Preparatioun vum Buedem 3 Beem pro Quadratmeter geplanzt ginn. Bannent e puer Joer ouni, datt de Mënsch agräift, wiisst do immens séier e Liewensraum dee sech selwer erhält.