112Gréisseren Accident op der A1

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun gouf hei blesséiert, esou den 112.
© RTL Archiv

E gréissert Accident gouf et an der Nuecht vun e Samschdeg kuerz no 23 Auer op der Tréierer Autobunn tëscht dem Tunnel Houwald an dem Irgäertchen.

3 Autoe waren hei anenee gerannt. Ee Won huet gebrannt. Eng Persoun gouf blesséiert, mellt den 112.

Um 18.20 Auer huet dann zu Nidderkuer an der rue Prinzenberg e Bam gebrannt.

Um 17 Auer e Samschdeg den Owend gouf et en Accident op der Saarautobunn tëscht Munneref a Schengen. Hei gouf eng Persoun verwonnt, wéi en Auto op d'Kopp gaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO