
Blesséiert gouf dem CGDIS no keen. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus der Nordstad, vu Gréiwels, Rammerech, Réiden, Wolz an den CIS Lac.
Da mellt de CGDIS nach eng Poubelle, déi zu Miersch gebrannt huet a wou déi lokal Pompjeeën am Asaz waren. En Accident, wou en Auto an e Bam gerannt ass, gouf et da géint 10.41 Auer um RN27A tëscht Ierpeldeng an dem Fridhaff. Och hei mellen d'Ekippe vun der Nordstad kee Blesséierten.