RegierungsrotGréng Luucht fir eng Rei Finanzementer a Projeten

RTL Lëtzebuerg
De Staat bedeelegt sech finanziell un de Méikäschten am Beräich Energie an den Alters- a Fleegeheemer, sou wéi an de Logements encadrés.
© RTL Archive

Dës Moossnam aus dem Tripartite-Accord krut e Freideg am Regierungsrot gréng Luucht.

Dann huet de Conseil d’Kreatioun vun engem Comité Prostitution approuvéiert.

Den neie Sport-Institut INAPS krut och den Accord. Fir d’Objektiver vun den erneierbaren Energien z’erreechen, gëtt e statisteschen Transfert mat Dänemark gemaach. De Regierungsrot huet de Feu vert, fir d’Period 2021 bis 2025 ginn.

Back to Top
CIM LOGO