PoliceGrouss Alkoholkontroll op der A7 an op der N7 - 3 Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg huet d'Police op der A7 (Miersch/Ettelbréck), an op der N7 (Rouscht/Colmer-Bierg) 441 Automobiliste kontrolléiert.
© RTL-Archiv

A 16 Fäll war den Alkoholpeegel ze héich an et gouf en Avertissement taxé geschriwwen, an 3 Fäll gouf direkt op der Plaz der Fürerschäin agezunn.

Dobäi koumen dann nach 22 Protokoller, well d’Pabeiere vun den Autoen net an der Rei waren.

D’Kontroll gouf tëscht e Freideg den Owend 22 Auer an e Freideg um 2.30 Auer duerchgefouert.

Back to Top
CIM LOGO