PoliceGrouss ugeluechten Drogekontroll am Garer Quartier

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Dënschdeg den Owend de Garer Quartier méi genee am Bléck gehat. Am Fokus louch Haaptsächlech de Kampf géint d'Drogekriminalitéit.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

An der Rue Joseph Junck goufen an deem Kader e puer Persoune kontrolléiert. Siwe Leit goufe méi genee ënnert d’Lupp geholl an hu misse mat op de Policebüro. Bei e puer vun de kontrolléierte Persoune gouf donieft eng kleng Quantitéit Marihuana sécher gestallt.

Un der Aktioun waren am Ganzen 13 Beamte vu verschiddene Büroe souwéi d’Hondsstaffel vun der Police bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO