
D’Manifestatioune géint d’Coronapolitik an der Stad sinn e Samschdeg friddlech verlaf. D’Police huet déi zwou Gruppen, déi sech separat vunenee Rendez-vous ginn haten, mat engem verstäerkte Sécherheetsdispositif encadréiert.
6 Persoune goufe festgeholl. Zwee, wéi e klenge Grupp vu Manifestanten um Boulevard Royal probéiert huet, fir d’Ofspärungen a Richtung Foussgängerzone ze duerchbriechen.
Der Police no war ee klenge Grupp vu Leit um Glacis zesummekomm fir géint d’Covidreegelen ze manifestéieren.
Donieft hat sech een anere Grupp vun ongeféier 100 Persounen - eis Reporterin geet éischter vu 400 bis 500 Leit aus - vun der Gare a Richtung Stad op de Wee gemaach. Si hu sech domadder net un d’Virschrëfte vun der Stad Lëtzebuerg gehalen an haten dës Aktioun och net am Virfeld ugemellt. Si goufen awer vun der Police encadréiert.
Eng ganz Partie Stroossen wéi och de Rond-point Schuman ware gespaart fir de Verkéier. D’Manifestanten, déi onerlaabt de Perimeter verlooss haten fir vum Glacis aus iwwer d’Avenue de la Porte-Neuve a Richtung Stadzentrum wollte goen, haten zu engem Ament e Sit-in gemaach, hu sech also virun d’Beamten an der Strooss op de Buedem gesat, nodeem dës si net passéiere gelooss hunn.
Op Videoen ass dann och ze gesinn, dass et vereenzelt Asätz bei der gëlle Fra goufen: