Wichteg wier et, international konkurrenzfäeg ze bleiwen, esou de CEO vu Luxembourg for Finance Nicolas Mackel am RTL-Interview.
Gas an Atomkraaft si fir d’Europäesch Kommissioun nohalteg, op d’mannst gi se an der EU-Taxonomie opgeholl. Investitiounen an dës Energieforme sollen an Zukunft als gréng ugesi ginn. D’Lëtzebuerger Finanzplaz wier eng vun de gréissten, déi a gréng Produite géif investéieren. D’Decisioun vun der EU-Kommissioun hätt hei keen direkten Impakt, esou den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance.
D’Finanzplaz misst sech ëmmer un d’Clienten upassen. D’Nohaltegkeet wier hei nëmmen ee vun de groussen Defien. D’Digitaliséierung wier am Gaang, hei misst ee konkurrenzfäeg bleiwen. Innovatioun géif duerch nei Talenter méiglech ginn, déi engersäits zu Lëtzebuerg ze fanne sinn, ma ëmmer méi misst een dës och an d’Ausland siche goen.
D’Ukrain-Russland-Kris beonrouegt déi international Finanzmäert, zanter Woche klëmmt och den Uelegpräis. Europäesch Staate versichen ënnert anerem iwwer méiglech Sanktiounen den Drock op Russland ze erhéijen, fir e militäresche Konflikt ze verhënneren.
Lëtzebuerg hätt wuel Relatioune mat Russland am Finanzdomän. Déi wieren awer éischter am Beräich vun 0,2 bis 1,5 Prozent an der verschiddene Secteuren, wann een d’Gesamtbild kuckt. Dat wier éischter marginal, esou den Nicolas Mackel. Aner europäesch Länner wieren ekonomesch vill méi betraff.
Marc Hansen: D’Pandemie huet d’Digitalisatioun e gutt Stéck no vir bruecht