StaatsbudgetHaaptkritikpunkten aus ënner anerem Staatsrot a Beruffskummeren

Fanny Kinsch
Et ass deen éischte Staatsbudget iwwer 20 Milliarden Euro. Et kënnt Rekord vill eran a mat 2,8 Milliarden Euro gëtt och Rekord investéiert.
Budget 2020 - Haaptkritikpunkten
Reaktiounen op de Budgetsrapport 2020.

An den DP-Finanzminister sot bei der Presentatioun, et wär e Budget fir den Alldag vun de Leit. D'lescht Woch krut dem LSAP-Budgetsrapporter Yves Cruchten säi Rapport gréng Luucht an den zoustännege Chamberkommissioune, dat nodeems wärend zwee Méint d'Avise vun ënnert anerem der Zentralbank, der Cour des Comptes, dem Staatsrot a verschiddene Beruffskummere gelauschtert goufen an Amendementer proposéiert goufen.

Staatsbudget 2020 – Haaptkritikpunkten

Ee Kritikpunkt, dee sech duerch eng Rei Avisen zitt: wat d'Klimapolitik an den Impakt op de Budget ugeet, ginn et net genuch Informatiounen. De Klimapak an de Klimaplang si jo eréischt e puer Wochen nom Budget presentéiert ginn. Kritiséiert gëtt allerdéngs och, datt de gréissten Deel vun den Investissementer fir de Klimaschutz am Beräich vum ëffentlechen Transport sinn, zum Beispill vun der Chamber vun de Staatsbeamten.

Der Handelskummer, der Salariatskummer, der Handwierkerkummer an och der Zentralbank feelt et un Informatiounen iwwert déi grouss Steierreform, déi d'nächst Joer komme soll. D'Salariatskummer fënnt, datt d'Donnéeë vum Budgetsprojet den dräi ugekënnegte Prioritéiten net entspriechen a fuerdert, datt méi géint wuessend Ongläichheeten an Aarmut gemaach gëtt. D'Handelskummer plädéiert hirersäits dofir, datt méi produktiv, also méi mat manner Leit a Recetten, geschafft gëtt a fir nach méi héich a laangfristeg besser geplangten Investissementer.

D'Zentralbank an de Rechnungshaff fannen, datt der Regierung hir wirtschaftlech Prognosen éischter optimistesch sinn. Dat virun allem, well keng Mesure virgesi wier, fir d'Recetten 2020 z'erhéijen, esou d'Zentralbank. D'Zentralbank, d'CHFEP an d'Chambre des Métiers hale fest, datt de Logement eng vun de groussen Erausfuerderungen an Zukunft wäert sinn. Vun der Zentralbank a vum Staatsrot ass et och den Appell un d'Regierung dofir ze suergen, datt de Pensiounssystem laangfristeg fonctionéiere kann.

Wärend d'Staatsbeamtekummer begréisst, datt beim Staat weider soll rekrutéiert ginn, virun allem an der Educatioun, bei der Police, der Arméi an de Giischtercher, freet de Staatsrot eng Justifikatioun fir dës Rekrutementer.

De Staatsrot huet zwou formell Oppositiounen, déi sech op zwou onprezis respektiv juristesch onsécher Formulatioune bezéien. Ervirzehiewen ass nach een Amendement vun der Chamber, datt d'Deputéiert vun nächste Joer u solle méi Mataarbechter kréien.

Back to Top
CIM LOGO